Ich habe vergessen auf ihn zu tippen, also kein Punkt. Aber ist eh eine traurige Nachricht, das war der beste Sportler, den wir je hatten.
Cyclissem: De Charly Gaul ass dout. Hien ass de Moien zwee Deeg viru sengem 73. Gebuertsdag un enger Longenembolie am Spidol gestuerwen.
Aus dëm letzebuerger Sport könnt eng ganz Traureg Nouvelle.
Am Alter vun 72 Joer ass haut dën Charly Gaul gëstuewen.
Dën Chalry Gaul war noo enger Chutte, dei lescht Woch an d’Spidol agëliwwert gin, an ass dën Moien un enger LongenEmboli verschéed.
Iwermur hätt dei greisten Letzebuerger VëlosLegend hiiren 73.ten Gëburtsdaag gëfeiert.
Dën Chalry Gaul ass dën 8.ten Dezember 1932 am Paafendall gëbuer gin. Dei eischt Course ass dën 16 Joer aalen Gaul dën 27.ten März 1949 gëfuer. Déen eischten Succées gouf ët 4 Meint drop zou Bounneveg.
1953, am Alter vun 20 Joer, gëtt dën MetzelerGësell, Profi.
Als greisten Succées an enger éemolger Karrière, war seng Schlussvictoire 1958 am Tour de France. 3 Joer firdrun war hiën schon dën drëtten. Am ganzen stung dën Charly Gaul 10 mol bei enger Etappe vun der Grande Boucle ganz uewen um Podium.
Dën Ange de la Montage konnt sëch och 2 mol an dën Palmares vum Giro d’Italia aschreiwen. Dirket bei senger eischter Participatioun 1956 an durnoo 59.
1959 war dën Charly Gaul och déen eischten NëtItaliener, déen dën Giro, fir zwéet konnt gëwannen.
L’Ange qui aimait la Pluie haat och 3 mol dën Tour de Luxembourg gëwonnen, an war 1954 déen eischten Sportler vum Joer hei zou Letzebuerg. Déen Titel kruut dën Charly Gaul durnoo nach 3-mol, 1955, 56 an 1959.
Am Alter vun 33 Joer, 1965, huet dën „Charel“, wei ën vun sengen Frënn gënannt gouf, ën Schlussstrëch ënnert sëng Karriere gëzun.
Durnoo ass hien während 28 Joer baal nët mei op ën Vëlo gëklommen.
http://rtl.lu/sport/sportnews/